|  |
Hei si mer am Bongert... | ...a mir sangen en englescht Lidd: "shake,shake, the apple tree..." |
 |  |
D'Joffer Liz huet allerhand matbruecht. | Mir huelen alles eraus, wat keen Uebst ass a wat net bei eis wiisst. |
 |  |
Mir laafe bei de Bam mam Ananas, wann d'Joffer Liz en Uebst nennt, wat net bei eis wiisst..... | a bei den Apel, wann et aus Letzebuerg kënnt. |
 |  |
An der Paus gëtt et eng Schmier mat Äppelkompott. | Mmh, dat schmaacht gudd! |
 |  |
Mir schmaachen och d'Uebst. | Elo si mer bei der Schoul fir Viz ze maachen. Virtéischt ginn d'Äppel gewäsch.. |
 |  |
...an da kleng geschnidden. | Wat eng Aarbecht! |
 |  |
All Apel gëtt a 4 oder 8 Stecker geschnidden. | Da ginn d'Äppel am Hächsler nach mi kleng gemaach. |
 |  |
Do muss ee ganz fest dréinen. | Wann een d'Äppelstécker zesummendréckt, kënnt de Jus erausgelaf. |
 |  |
Elo musse mer d'Äppelstécker an de Kelter schëdden. | Mir passe gudd op, dass näischt dolaanscht geet. |
 |  |
Hei ass de Kelter nach net voll. | Elo ass alles prett am Kelter, de Jus kënnt scho gelaf.. |
 |  |
Mat der Staang dreine mer d'Schrauf emmer mi fest zou an de Jus gett aus den Äppel gepresst. | De Jus gett gesift. |
 |  |
Jiddfereen huet e Becher kritt. | Endlech kenne mer schmaachen. Ei! |