UNSERE SCHULE
CYCLE 1
CYCLES 2-4
GESCHICHTE
ETHIK
RELIGION
MEDIEN-TIPPS
ÜBUNGEN
KANNERGEMENGEROT
NATUR ERLIEWEN AN DER SCHOUL
 
 
Home
Beschreibung und Ziele
Description et objectifs
Organigramme
Evaluation
Schulgarten/ Jardin d'école
Spillschoul:Coiffeur
Spillschoul:Hexemüsli
Primärschoul: Beem
Vom Ei zum Frosch
Primärschoul: Hierschtdag
Pflanzen und Tiere im Winter
Contact
2. Muller
Archive
PROJEKTE EMWELTGRUPP
NACHHALTIGE SCHULE
ALZETTE
APEEP
 

Thema:Coiffeur-Die Ballade von Potifar

Die Ballade von Potifar

E klenge Jong heescht Potifar
An hien huet Wischel-Wuschel- Hor
A jidderee seet wat ass dee séiss
Vu sénge Krausele bis un d’Féiss !
Potifar, Potifar, mit dem Wischel-waschel-wuschelhaar!

Mee do koum d’Mamm och scho mam Kamp
An och mam Läppchen an der Hand.
Do huet de Potifar glaich  haart gejaut:
Looss mir meng Hor an och meng Haut !
Potifar, Potifar, mit dem Wischel-waschel-wuschelhaar!

A spillt de Potifar och mol um Strand
Hie rullt sech gären an dem Sand,
An street de Sand an d’Hor sou gär
Wéi wann dat alles guer näischt wär !
Potifar, Potifar, mit dem Wischel-waschel-wuschelhaar!

Erbäi de Wand bréngt Som a Stëbs
Vun de Wolléke fällt eng Drëps
Gläich bléit eng Pissblumm a ganz frësch
wiist do an d’Wuschelhor e ganze Bësch!
Potifar, Potifar, mit dem Wischel-waschel-wuschelhaar!

De Potifar, hie mierkt lues a lues,
Him hänken d’Wuerzelen bis op d’Nues
Hie kann och guer nët méi rolzen
Well d’Beem, déi schwänken hin an hier !
Potifar, Potifar, mit dem Wischel-waschel-wuschelhaar!

Oje ! Hie wöll an d’Haus eleng
Mee d’Dir, déi ass dach vill ze kleng
Wat méchs du dann lo ? Stell dat mol klor !
Mat déngem Bösch am Wuschelhor !
Potifar, Potifar, mit dem Wischel-waschel-wuschelhaar!
An d’Mamm, déi höllt de Waasserschlauch
A spritzt déi Beem a Blume fort
Do laacht de klenge Potifar
A rëselt wëll säi Wuschelhor !
Potifar, Potifar, mit dem Wischel-waschel-wuschelhaar!

Hie rifft : yupi, yupi, yuchhei !
Méng Wuschelhor sinn an der Rei
Ëmärmelt d’Mamm a ganz zum Schluss
kritt si e Wischel-waschel-wuschelkuss!
Potifar, Potifar, mit dem Wischel-waschel-wuschelhaar!

Thema: Coiffeur

Muereskrees: Mir sammelen: eppes Pickeges, eppes Musseges, eppes Wuggelesches.

Picknick a freit Spillen

Aktivitéit: Mir leeën e Gesiicht op d'Blat mat enger flotter Coiffure.

Mir lauschteren d'Ballade vum Potifar.

© Lorentzweiler Schulwebseite, last changed on 14-02-2007