|
|
|
Kleng Geschichte fir nozedenken
| De Velo E Mann léisst säin neie Velo ongespaart op der Maartplaz stoen a geet akafen. Eréischt
den Dag drop erënnert hien sech un de Velo a leeft op d'Plaz an der
Iwwerzeegung, e wier geklaut gin. Mee de Velo steet nach genee do wou
hien e geparkt hat. Voller Freed rennt en an déi nächst Kierch a seet Gott Merci, dass en sou gutt op säi Velo opgepasst huet. Wéi en erauskënnt as de Velo fort. |
|
|

| Der Mamm hire ganze Stolz An engem grousse Geschäft begéinen ech enger Fra mat enger Poussette, an där zwee kleng Jonge sëtzen. "Dir hutt awer do zwee léif Kanner," soen ech. "Wéi al sin se dann?" - Den Dokter, äntwert d'Fra, huet dräi Joer, an den Affekot zwee. |
|
|
 | Net lassloossen An
Indien kennen d'Jeër eng erfollegräich Method fir Afen ze fänken. Sie
hielechen eng Kokosnoss aus a maachen e Lach dran, duerch dat engem Af
séng oppen Hand just duerchpasst. Da fixéieren se d'Noss mat engem
Köder dran um Buedem. Wann en Af kënnt, deen d'Iessen an der Noss
wëllt hun, emgräift en et a kritt d'Hand - déi en zuer Fauscht gemaach
huet - net méi eraus. Sou bleift d'Déier an der Fal vu séngem eegenen
Onwëlle gefaang, d'Fauscht nees opzemaachen an de Köder lasszeloossen. |
|
|  | Domm Fro Op
der Strooss sin ech engem klenge Meedche begéint, dat an séngem dënne
Kleed geziddert huet, ouni Hoffnung op eng waarm Molzécht. Ech gouf
rosen a sot zu Gott: "Wéi kann s de dat zouloossen? Firwat méchs de
näischt dergéint?" Eng Zäit laang blouf Gott stomm. Mee an der Nuecht
huet e mer op eemol gäntwert: "Ech hu jo eppes dergéint gemaach: Ech
hun dech erschaf." |
|
|  | Musék maachen Eng Koppel wëllt hir Kanner dozou bréngen, Musék ze maachen. Sie keeft hinnen e Piano. Wéi de Papp owes heem kënnt, gesäit en d'Kanner verständnislos ronderëm d'Instrument stoen. "Wou as de Stecker?", froen se. |
|
|
 | De Chef Zwee
Leit bewerben sech ëm eng Aarbecht. Deen éischte kënnt an de Büro. "Mir
maachen elo en einfachen Test mat Iech, ier mer Iech déi Plaz ubidden
fir déi der Iech intresséiert. Okay?" - Okay. - Also, wéivill as zwee plus zwee? - Véier. Déi zweet Persoun kënnt eran. - Sidd Der d'accord fir e klengen Test ze maachen? - Jo. - Gutt. Wéivill gët zwee plus zwee? - Alles wat de Chef seet. Deen zweete kritt d'Plaz. |
|
|  | Liewe virum Doud - Et gët Leit déi behaapten, et géif kee Liewen nom Doud gin. - Ou, wierklech? - Jo. Wär et net schrecklech ze stierwen an nie méi kënnen ze gesin, ze héieren, ee gär ze hun oder sech ze bewegen? - Firwat schrecklech? Dat gëlt dach fir déi meeschte Leit schonn ier se gestuerwe sin. |
|
|
 | Gëft am Kapp E
Grupp Touristen kritt an enger ofgeleëner Géigend en Iessen zerwéiert,
dat hinnen net méi ganz frësch ze si schéngt. Ier s'et selwer
schmaachen, fidderen se duerfir en Hond domat. Zu hirer Berouegung
fënnt deen et gutt a weist och keng Nowierkungen. Deen Dag drop gin
si awer gewuer, dass den Hond gestuerwen as. Si geroden a Panik, vill
vun hinne mussen sech iwwergin a kloen iwwer Féiwer an Duerchfall. En
Dokter gët geruff fir se wéinst Liewensmëttelvergëftung ze behandelen. Hie
wëll fir d'éischt wësse wat mam Hondskadaver geschitt as. En Noper
erkläert doropshin: "Ma e gouf an e Gruef gehäit, nodeem e vun engem
Auto iwwerfuer gin as." |
|
|

| Lescht Léisung De Mulla Nasruddin wëllt ee Blummegaart uplanzen. E bereet de Buedem vir a séint vill Zorte schéi Blummen. Wéi se awer opgin, fëllt säi Gaart sech net nëmme mat deenen ausgewielte Planzen, mee et wuessen iwwerall Pissblummen. Hie léisst sech vun alle méigleche Leit beroden a probéiert eng sëlleche Methoden aus fir se lass ze gin - ouni Erfolleg. Schliisslech geet hien dee ganze Wee bis an d'Haaptstad, fir am Kinnek séngem Schlass eng Entrevue beim Gäertner vum Haff ze kréien. Dee weisen ale Mann huet scho ville Gäertner wäertvoll Rotschléi gin a proposéiert och dem Mulla eng Rei Mëttelen, fir d'Pissblumme futti ze maachen, mee dee kennt se schonn all. Sou sëtzen déi zwee nach eng Zäitchen nodenklech zesummen, bis endlech de Gäertner de Mulla an d'Ae kuckt a seet: "Also an deem Fall schloen ech der vir, du léiers einfach d'Pissblumm gär ze hun."
|
|
|  | Wat gefällt D'Mamm freet hire Jong: "Wat gefällt dénger Frëndin un dir?" - Hatt fënnt mech schéin, talentéiert, intelligent a musikalesch. - A wat gefällt dir un him? - Hatt fënnt mech schéin, talentéiert, intelligent a musikalesch. |
|
|
| De Segen vun der Kokosnoss En Af, deen op enger Palm sëtzt, léisst engem weise Mann eng Kokosnoss op de Kapp falen. De Mann hieft d'Noss op, drénkt d'Mëllech, ësst d'Fruuchtfleesch a mécht sech aus der Schuel eng Schossel.
|
|
|

| Mann oder Maus? Een
zimmlech grousse Mann erhieft sech géint 10 Auer owes vu séngem Stull
am Bistro, fir heemzegoen. "Firwat dann esou fréi?", freet de Wiert. - Wéinst ménger Fra. - Du fäerts also déng Fra? Bass du e Mann oder eng Maus? - Eppes weess ech sécher: Ech si keng Maus, well méng Fra huet Angscht viru Mais. |
|
|

| Gutt Beicht Eng fromm Fra erzielt engem Bekannten, dass se moies beichte war. "Also ech ka mer net virstellen dass du eppes Schlëmmes kéins verbriechen", mengt deen. "Wat hues de da gebeicht?" "Dass ech ze liddereg war fir sonndes an d'Mass ze goen, dass ech eise Gäertner vernannt hun an dass ech méng Schwéiermamm virun d'Dir gesat hun." "Mee dat as dach scho 5 Joer hier, oder net? Dat hues de dach bestëmmt scho gebeicht!" "Jo, dat hun ech. Ech beichten et all kéiers erëm. Ech erënnere mech eben esou gär drun!"
|
|
|  | Wichteg Matdeelung "Entschëllegt,
Här Schoulmeeschter," seet eng schei Schülerin, "ech kann net
entzifferen, wat Dir bei méngem leschten Aufsatz un de Rand geschriwwen
hutt." - "Ma do steet, du solls méi lieserlech schreiwen."
|
|
|
| Et huet gedéngt "Stell der vir, Mamm, eise Schoulmeeschter huet de Claude gëschter nees heemgeschéckt, well en sech net gewäsch hat." "An, huet dat eppes gedéngt?" "A wéi! Haut haten sech aacht Jongen a fënnef Meedercher net gewäsch."
|
|
|
| Dat hätten se gär D'Déieren halen eng Versammlung of a bekloen sech iwwert d'Mënschen, déi hinnen ëmmer Saachen ewechhuelen. "Mir huelen se d'Mëllech", seet d'Kou. "Mir huelen se d'Eer", seet d'Hong. "Mir huelen se d'Ham", seet d'Schwäin. "Mech joen se wéinst méngem Uelech", seet de Wal. Um Enn mellt sech de Schleek zu Wuert. "Ech hun eppes, dat se mer sécher och géifen ewechhuelen, wann dat méiglech wär. Eppes dat hinne méi bedeit wéi all déi aner Saachen. Ech hun Zäit."
|
|
|
| Angscht Eng Maus as bestänneg onglécklech, well se Angscht virun der Kaz huet. Een Zauberer huet Matleed mat hir a verwandelt se selwer an eng Kaz. Mee elo huet se Angscht virum Hond. Also verwandelt den Zauberer se an en Hond. Du fänkt se un de Panther ze fäerten, also verwandelt den Zauberer se an ee Panther. Do huet se op eemol Angscht virum Jeër. Den Zauberer gët d'Saach op. Hie verwandelt se erëm an eng Maus a seet: "Egal wat ech fir dech maachen, et wäert der net hëllefen, well du hues d'Häerz vun enger Maus."
|
|
| 
| Den Adler Ee Mann fënnt d'Ee vun engem Adler a leet et a séngem Haff an d'Nascht vun enger Kluck. Dee klengen Adler kënnt zesumme mat der Kluck hire Jippelcher op d'Welt a wiisst mat hinnen op. Säi Liewe laang mécht den Adler dat selwecht wat d'Hénger maachen, well hien denkt hie wär en Hong. Hie schäert um Buedem no Wierm an Insekten, pickt Kären op, gackert a schléit heiansdo mat de Flillécken, fir e puer Meter an d'Luucht ze flatteren. D'Jore gin eriwwer, an den Adler gët al. Enges Dags gesäit hie wäit wäit iwwert sech um bloen Himmel ee wonnerschéine Vull, deen elegant a majestätesch um Wand segelt an dobäi séng grouss gëlle Flillécke bal net ze bewege brauch. Deen alen Adler as voller Bewonnerung. "Ween as dat?", freet en. "Dat as den Adler, de Kinnek vun de Vullen", äntwert säin Noper. "Hie gehéiert dem Himmel. Mir gehéieren dem Buedem - mir sin nëmmen Hénger." An esou lieft a stierft den Adler als Hong, well hien zu deem gin as fir dat e sech hält.
|
|
|  | Den nëtzlechen Iesel -
Glécklecherweis hate mer en Iesel op eise Picknick matgeholl, well sou
konnte mer ee Kand, dat sech wéigedoen hat, heemtransportéieren. - Wat war dem Kand da geschitt? - Den Iesel hat him en Trëtt gin.
|
|
|

| Ugeschmiert Et
war emol e Mann deen as gestuerwen an huet sech op enger wonnerschéiner
Plaz erëmfonnt, ëmgin vun allem méigleche Luxus. Een Dénger an enger
wäisser Jackett koum op en duer a sot: "Dier kënnt hei alles kréie wat
Der wëllt: all Zorte vun Iessen, all Spiller, all Amusementer." De
Mann huet sech immens gefreet. Deeglaang huet en all déi Delikatessen
an Erfarungen ausprobéiert, vun deenen en op der Äerd gedreemt hat. Mee
no enger Zäit huet en ugefaang sech ze langweilen, an en huet den
Dénger geruff a gesot: "Ech hun dees hei elo genuch, ech brauch eng
richteg Beschäftegung. Wéi eng Zort vun Aarbecht kanns de mer gin?" Den
Dénger huet traureg de Kapp gerëselt a geäntwert: "Et deet mer leed,
Monsieur. Dat as dat eenzegt, wat ech Iech net bidde kann. Et gët hei
keng Aarbecht fir Iech." Dorop huet de Mann erwiddert: "Do sin ech awer schéin ugeschmiert. Da kéint ech jo grad esou gutt an der Hell sëtzen!" Den Dénger sot roueg: "Ma wou hutt Dir gemengt dass Der sidd?" |
|
|
| Hëllefsbereet Ee
Mann, deen zu Fouss ënnerwee as, gesäit wéi ee klenge Bouf virun der
Dir ëmmer nees an d'Luucht spréngt, fir un d'Schell ze kommen. Deen
Aarmen as ze kleng an de Knäppchen ze héich. Also geet de Mann dohinner
a schellt fir hien. Da laacht en him frëndlech zou a seet: "A wat
maache mer elo?" De Bouf äntwert: "Renne wéi der Däiwel!"
|
|
|  | Eng super Erfindung Eng Léierin behandelt an enger Schoulstonn modern Erfindungen. "Kann ee vun iech mer eng wichteg Saach nennen, déi et viru 50 Joer nach net gouf?", freet se. Ee gudde Schüler aus der éischter Rei weist direkt de Fanger a seet: "Mech!"
|
|
|  | Zwee Loftballon'en Zwee
Kanner spillen am Haff. Jiddereent huet e Loftballon. Deem enge Kand
rëtscht op eemol d'Schnouer aus der Hand, an de Ballon klëmmt an den
Himmel. D'Kand fänkt un ze kräischen: "Mäi Ballon as fort, mäi Ballon
as fort!" E bësse méi spéit léisst och dat anert Kand beim
Spillen säi Loftballon lass. Hatt danzt ronderëm, klappt an d'Hänn a
rifft: "Kuck, wéi schéin en an d'Luucht geet! E flitt bei d'Sonn!" |
|
| © Lorentzweiler Schulwebseite, last changed on 15-07-2008 |
|