|
|
|
Wat nom Doud geschitt Meenungen aus dem 4. Schouljoer
Sami : - Wann een dout ass da kënnt een an eng Welt wou lauter Doudecher sin, an déi sech selwer dout gemaach hun déi kommen an eng béis Welt an déi sin an engem Buedem an déi kommen neméi raus. - An déi di een aneren dout gemach hun? - Wann déi herno stierwen déi een dout gemaach hun, déi komme bei den Deiwel, déi kommen och an de Buedem dann, an da kommen se neméi raus. An déi léif waren ëmmer déi komme bei den Engel, an do ass eng ganz schéi Welt. - An hues du eng Iddi wéi déi Welt ausgesäit? - Jo ... En Himmel a ganz vill Blummen a Wiss ... . - An du gleefs awer och un en Däiwel? - Jo. - Gesäit deen Däiwel sou aus wéi op de Biller, sou mat Hierner an engem Schwanz? - Nee, en ass ganz schwaarz, hien huet e sou ee schwaarze Kostüm an dann huet e rout Aan. Et gesäit ee guer net säi Kierper. En ass e ganz Béisen. - A gleefs de dann och un ee Gott? - De Gott, hien ass vun deenen zwee, vun alleguerten de Chef. - Och vum Däiwel? - Nee, vum Engel ass hien de Chef, vun alleguer.
| 
| Philippe:
- Ech mengen dass wann ee stierft dann ... d'Hüll gët ganz futti an
d'Séil déi lieft awer nach hei iwwerall weider. An dann, alleguer déi
keen aneren dout gemaach hun a sou gestuerwe sin, déi kommmen hei op
d'Welt, an déi déi een dout gemaach hun an agebrach oder geklaut hun
déi bleiwen am Buedem an do gin se gefriess.
- An hier Séil och?
- Jo ...
- Ech hu geduecht d'Séil kënnt een net gesinn; wéi kann een déi da friessen?
- Also net friessen, mee déi geet futti.
- An déi aner déi kommen erëm op d'Welt?
- Déi kommen erëm op d'Welt mee déi sin duerchsiichteg. An nëmmen déi
gesinn alleguer déi Saachen mee se gesinn awer nëmme schwaarz-wäiss. An
se gesinn aner Saachen déi mir net gesinn. Zum Beispill, si kënnen an
deenen aneren hiere Kierper kucken. |
|
|
| Pôl:
- Also ech gleewen un déi griichesch Götter, datt beim Däiwel den Hades
an den Thanatos waarden an uewen am Himmel den Zeus an den Apollon. A
wann ee stierft da kënnt et drop un wéi ee gestuerwe war a wéi een am
Liewe war, a wann ee léif am Liewe war da kënnt een uewe bei den Zeus
an den Apollon, a wann ee ganz schlëmm war dann kënnt een ënnen bei den
Thanatos an den Hades.
- A wat mécht een do wann een zum Beispill léif war?
- Just wann ee léif war kann een heiansdo mat hierem OK erëm zréck op
d'Äerd goen fir nach no sénger Famill ze kucken, sou wéi ee
Schutzgeescht, e puer Deeg laang. An wann een an der Höll beim Thanatos
an dem Hades ass dann muss een dofir ëmmer an séngem Doudesfloss
bleiwen. An dat wär et eigentlech. |
|
|
| Elise:
- Ech mengen dass se erëm am Buedem ginn an da kommen se zréck méi spéit.
- Kommen se erëm op d'Welt? A gesinn se dann nach ëmmer d'selwecht aus oder gesinn se anescht aus?
- Anescht.
- Als aner Mënsche kommen se erëm op d'Welt? Awer sie hun di selwecht Séil?
- Jo.
- An egal ob s'elo gutt waren oder schlecht?
- Neen, nëmmen déi Gutt.
- An déi Schlecht?
- An déi Schlecht bleiwen am Buedem.
|
|
|
| Bob:
- Déi Léif gin am Himmel, an dann eng Kéier gin si erëm an d'Welt, an
déi Béis kommen ni méi nei op d'Welt, an déi bleiwen am Buedem.
- Wéi stellst du der den Himmel vir?
- Also op Wollécken, alles wäiss, an eng Kéier geet ee rëm nei op d'Welt.
- Wat mécht een dann do op deene Wollécken? Do kann ee jo näischt man,
da's jo langweileg. Ass dat eng Belounung, wann een do op de Wollécke
sëtzt?
- Do si Saachen ... wat een ëmmer sech gewënscht huet.
- Kann een och Computerspiller spillen?
- Jo.
- A muss een dann och eppes iesse wann een dout ass?
- Dann huet een ni Honger.
- Oh, da's awer langweileg. Ech iessen awer gäre gutt Saachen.
- Wann een iesse gären huet da kann ee sech et wënschen, an da kënnt dat.
- Ah, 't kann een, awer 't muss een net iessen. Okay.
|
|
|
| © Lorentzweiler Schulwebseite, last changed on 11-11-2007 |
|