|
|
|
D'Geschicht vum Pimpampel dee wësse wollt ween him séng Faarf ewechgeholl hat
gemolt an erzielt vum Edona Rugova (7 Joer)
|
Et war eng Kéier ee klenge Pimpampel, deen ass duerch d'Wiss geflunn fir Blummen ze suckelen.
Wéi en am Gras souz huet op eemol een säi Flillek ugepakt, an dunn as d'Faarf op enger Plaz erofgaang.
Wéi de Pimpampel dat gemierkt huet war e rosen. Hien duecht: Ween huet méng schéi Faarf erofgemaach?
E wollt erausfanne ween dat war.
| 
| 
| De klenge Pimpampel ass bei d'Steng geflunn. Hien huet déi gréng Schlaang gefrot: Hues du méng Faarf ewech gemaach?
An d'Schlaang huet gesot: Ech? Neen, ech net. Ech hun dach keng Hänn!
Dunn ass de klenge Pimpampel bei de groussen Hond geflunn. Hien huet gefrot: Hues du méng Faarf erofgemaach?
An den Hond sot: Neen, ech hun dat net gemaach. Ech hu jo guer keng Fangeren!
| De klenge Pimpampel ass an de Gaart geflunn. Hien huet déi gro Maus gefrot: Hues du mer d'Faarf erofgemaach?
Mee d'Maus sot: Ech? Neen. Ech kann net sou wäit erop, ech si jo vill ze kleng.
Dee klenge Pimpampel as bei de Bam geflunn. Hien huet de Bamleefer gefrot: Hues du mir d'Faarf erofgemaach?
De Bamleefer huet gesot: Ech? Neen. Ech hu keng Zäit fir Faarf erofzemaachen, ech muss mäin Nascht bauen, well méng Eer soss keng Plaz hun.
De Pimpampel war traureg. Dunn ass en an de Bësch geflunn.
| 
| 
|
De klenge Pimpampel huet e Meedche gesinn , an dunn huet e gefrot: Hues du mer méng Faarf erofgemaach? An d'Meedche sot: Ech? Jo! - A wouhinn hues de se gemaach? - Op méng Hand. - A firwat hues de dat gemaach? - Well ech méi schéi wëll si wéi s du.
Dunn ass de Pimpampel bei dem Meedchen säi Bak geflunn an huet mat séngem Filler eng Grimmel roude Pudder erofgetuppt. En duecht: Sou, elo hun ech och Faarf vun dir geholl!
An dunn ass dee klenge Pimpampel frou gin an ass heem geflunn.
|
|
| © Lorentzweiler Schulwebseite, last changed on 11-01-2008 |
|