|
|
|

D'Sarah, d'Lise an de Kornel hun eng Stonn laang eise Schoulhaff, Footballterrain a Schoulgaart gebotzt an dobei eng hallef Tut voll Offall gesammelt!!!
 Wou kommen déi Saachen dann hier? S: Vum Jacquel. Huet d'Jacquel déi dohi gehäit? L: Neen, d'Kanner hun et fäerdeg giess an dunn op de Buedem gehäit. Firwat? L: Well se ze liddereg ware fir et an d'Poubell ze geheien. Méchs du dat och heiansdo? K: Neen. Dat heescht du méchs d'Saachen direkt an d'Poubell? K: Jo. Wat war dann am meeschten um Buedem? S: Knätsch. K: Trinkfläsch. Caprisonne? K: Jo. L: Sou Lutsch... Drénkglacen. S: Coca-Cola.
 A wat kéint een da maache fir dass et net méi sou knaschteg gët dobaussen? L: Direkt an d'Poubell geheien. Dir? Musst dir deenen aneren hir Saachen an d'Poubell geheien? L: Neen. Déi aner. Gët et dann nëmmen eng Poubell, oder gët et verschiddener? L: Verschiddener. Wéi eng Poubelle kennt der? S: Déi blo. Firwat as déi? S: Fir Kartong a Pobeier. L: Déi gréng. Fir Uebst. K: A Brout. K: Déi schwaarz. Fir Dosen ... Do kann een alles dra maachen. An déi blo Tut, firwat as déi dann? K: Fir Flaschen, plastiks Flaschen ... Béchsen. An déi Jus-Këschten. L: D'Glaskëscht. Déi gréng Glaskëscht. An déi orange, Sarah? S: Fir d'Kleeder. Okay. Merci. :-)
|
| © Lorentzweiler Schulwebseite, last changed on 20-03-2008 |
|