UNSERE SCHULE
CYCLE 1
CYCLES 2-4
GESCHICHTE
ETHIK
 
 
Entrée
Einsamkeet
Geschicht vun der Woch
Mir sin aerdeg
Konscht fir eis Aerd
Tsunami-Projet
Teure Lebensmittel
Ethikolo
D'Hong mat de gëllenen Eer
D'Zauberfrell
Hetz-Geschicht
Fair oder onfair?
Ligen
Hierscht
Wat nom Doud geschitt
De jalouse Max
Räich an aarm
De Pimpampel
De Bemmi
Ee fairt Iessen
Offall ... opgefall
World Press Foto
Pauline im Glueck
Sauereien
De Mee
RELIGION
MEDIEN-TIPPS
ÜBUNGEN
KANNERGEMENGEROT
NATUR ERLIEWEN AN DER SCHOUL
PROJEKTE EMWELTGRUPP
NACHHALTIGE SCHULE
ALZETTE
APEEP
 
Ligen
Mir hun eis virgestallt wéi eng Lige géif ausgesin wann se lieweg wär. Dunn hu mer se aus Leem geformt, gebak an ugestrach. Um Schluss hu mer eis eng Geschicht dozou iwwerluecht.



Méng Ligen as doduerch entstan dass vill Leit mateneen gelunn hun. Si as mat der Zäit ganz grouss gin. An déi Punkten, déi puer schwaarz a gréng Punkten, huet se och dowéinst. Well jiddfereen dee krank as oder Bakterien huet kritt Punkten. Jiddfereen huet eppes dovun. Dat kann zimmlech ustiechend sin. Déi hun jo déi Ligen-Bakterien. Léie kann iwwerdro gin ... wéi Mogripp. Ganz séier kënnen déi iwwerdro gin op de mënschleche Kierper.
Déi Haren, déi sin eigentlech nëmme fir déi aner an Angscht ze versetzen. Si litt sou, z.B. "Wann s de dech net gläich gës spiissen ech dech mat méngen Haren op". Ligen léien eigentlech nëmmen.
Déi véier Äerm a véier Been si geduecht datt keen Hindernis méng Lige kann ophalen. Se kann op Gebaier klammen, op Zich sprangen an nach villes méi. Déi as einfach ongleeflech gutt. Awer si as iwwerhaapt net schnell mat de véier Been; dofir sin déi kuerz Been iwwerhaapt net geduecht, obwuel se véier dovun huet. (Paul)
Méng Ligen as blo, well et e Kand war an dann eng Ligen draus gin as. An dat Kand hat e blot Kleed un.
Dat Kand as eng Lige gin well et vill Lige gezielt huet.
An dat gielt um Kapp as bal wéi en Har, mee 't gesäit anescht aus. Och fir de Kanner Angscht ze maachen.
An déi faarweg Punkten si Léi-Punkten. Allkéiers wann se litt kritt se rëm e Punkt bäi.
Dee roude Ball an hirer Hand as ee Stroumball. Da spillt se mat de Kanner, a wann se eng Kéier de Ball schéisse kréien se ee Stroum bei de Féiss. Da kréien se ee Schock, an doduerch gin se ugestach, an op eemol léien déi nëmmen nach. An sou kënnen déi Ligen sech ausbreeden. (Bob)
Méng Ligen as an enger Klass gebuer gin, wou e puer Kanner iwwer hir Komeroden heemlech Lige verzielen. Allkéiers wann se nees eppes Falsches, Iwwerdriwwenes oder Schlechtes weidersoen gët se méi déck an eekleg.
Déi giel Punkte si gëfteg Léi-Waarzelen, déi opplatze wann déi Kanner iwwert déi sou Lige verbreet gin dat mierken a sech schlecht an traureg fillen.
Mat deenen dräi Hare pickt d'Ligen all déi betraffe Kanner ëmmer nees an d'Fleesch a suergt dofir dass an der Klass eng schlecht Stëmmung herrscht.
D'Lige kann nëmmen doduerch geschwächt gin dass d'Kanner sech géigesäiteg éierlech soe wat se vuneneen denken an da probéieren hir Verschiddenheeten unzehuelen. (Georges)



© Lorentzweiler Schulwebseite, last changed on 16-05-2007