UNSERE SCHULE
CYCLE 1
CYCLES 2-4
GESCHICHTE
ETHIK
 
 
Entrée
Einsamkeet
Geschicht vun der Woch
Mir sin aerdeg
Konscht fir eis Aerd
Tsunami-Projet
Teure Lebensmittel
Ethikolo
D'Hong mat de gëllenen Eer
D'Zauberfrell
Hetz-Geschicht
Fair oder onfair?
Ligen
Hierscht
Wat nom Doud geschitt
De jalouse Max
Räich an aarm
De Pimpampel
De Bemmi
Ee fairt Iessen
Offall ... opgefall
World Press Foto
Pauline im Glueck
Sauereien
De Mee
RELIGION
MEDIEN-TIPPS
ÜBUNGEN
KANNERGEMENGEROT
NATUR ERLIEWEN AN DER SCHOUL
PROJEKTE EMWELTGRUPP
NACHHALTIGE SCHULE
ALZETTE
APEEP
 
De Bauer an d’Zauber-Frell

Et war emol een aarme Bauer, deen as dacks an d’Baach bei séngem klengen Haff fësche gaang. An enges Dags hat en och tatsächlech eng fett, getëppelt Frell un der Aangel.
- Zapperlott! huet de Mann geruff. Haut kréie mer mol endlech eppes Uerdentleches an den hongrege Bauch!
Dunn awer huet d’Frell ugefaang ze schwätzen a sot:
- Léiwe Bauer, looss mech um Liewen. Ech verspriechen der, du wäers et net bereien. Allkéiers wann s de der eppes wënschs brauchs de nëmmen hier bei d’Baach ze kommen a mech ze ruffen. Dann dauchen ech op an erfëllen der et.
Kee schlecht Geschäft, duecht de Bauer an huet d’Frell hannescht an dat kloert Waasser gehäit.

Doheem a sénger Brak huet en du sénger Fra genee verzielt wat en erlieft hat.
- Also méi domm wéi s du kann ee sech wierklech net ustellen, huet séng Fra enttäuscht geknoutert. Du häss direkt sollen eng grouss Farm verlaange mat Kéi, Päerd, Kanéngercher an engem ganze Koup Landaarbechter déi fir eis schaffen. Mee ‘t as jo net wäit bis bei d’Baach. Allez, laf hannescht a schwätz däi Wonsch aus.

An de Bauer as direkt bei den Uwänner gerannt an huet no der Frell geruff. Wéi se opgedaucht as huet en hir säin éischte Wonsch genannt a bis an d’Detailer beschriwwen, wéi grouss alles misst sin: de Koustall, d’Scheier, de Päerdsstall an esou virun.
- ‘T as scho gutt, sot d’Frell, wéi e mat sénger Opzielung fäerdeg war. Géi nëmmen hannescht op déi Plaz, wou bis elo däin Haische stoung. Do fënnst de déi schéinste Farm, déi s de der kanns virstellen.

De Bauer as heem geditzt. Wéi en an d’Géigend vu séngem Haus koum, stoung do amplaz vun där aarmséileger Brak een imposante Bauerenhaff, an e gesouch ronderëm op de Stécker, déi geschéckt ugeluegt waren, eng Hellewull Kniechte beim Karschnatz.

Mee wéi dat esou geet: wann ee bis kritt wat ee sech gewënscht huet, as een och net zefridden. Et war dem Bauer séng Fra, déi als éischt ugefaang huet nei Wënsch ze formuléieren.
- Wat si mer dach fir Hennessen! huet se enges Dags geruff. Firwat hues de vun der Frell näischt Besseres gefrot wéi ee Bauerenhaff? Allez, géi bei d’Baach a verschaf eis ee Schlass!

De Mann huet net weider nogeduecht an hire Wonsch berechtegt fonnt. En as also higaang an huet e sénger Frell matgedeelt. Och dës Kéier gouf en net enttäuscht.
- Amplaz vum Bauerenhaff soll d’Schlass vun déngen Dreem do stoen, sot de Fësch an as verschwonnen.

De Mann as tatsächlech schon no e puer Schrëtt an ee risege Wëldpark komm. Dohannert louch ee Gaart mat Rousenhecken, stenge Statuen a Sprangbueren. Am groussen Eieresall vum Marberschlass gouf e vu sénger schick gekleeter Fra erwaart. Sie war elo d’Schlassmeeschtesch.

E puer Deg laang hun déi zwee sech och wéi am siwenten Himmel gefillt vu Gléck. Mee d’Fra hat dat iwwerschwänglecht Liewe geschwë sat an huet bei hirem Mann geklot.
- Ech kommen net zur Rou, huet se gejéimert. Den Haff war mer net gutt genuch, an elo geet mer esou guer dat Schlass hei net méi duer. So der Frell, ech wënsche mer d’Paradäis.

De Bauer huet et fir d’éischt ofgeleent esou een onmoossege Wonsch weiderzegin. Mee séng Fra louch em esou laang an den Oueren bis en du schlussendlech awer bei d’Baach gaang as. Wéi d’Frell opgedaucht as, huet en hir mat onsécherer Stëmm de Wonsch vu sénger Fra matgedeelt.
- Géi roueg heem, sot de Fësch, an et huet guer net rose geklongen. Si huet et schon, hiert 'Paradäis'.

Mee wéi de Mann säi gewinnte Wee zréckgaang as, huet e gemierkt dass d’Schlass net méi do war. U sénger Plaz stoung nees déi aarmséileg Brak vu fréier, an där si esou vill joer frou an zefridde gelieft haten.

Dunn huet de Bauer verstan, dass hien a séng Fra duerch hir Gurmangzegkeet all dat wierklech Schéint verluer haten.

D'Fra war ongerecht, sie huet nëmmen u sech geduecht, well hire Mann as keen Hond. Wann een zevill wëll gët een doduerch gurmangzeg, ëmmer an ëmmer méi, da's net gutt an näischt as gutt genuch. Et gi Kanner déi hun näischt. (Jil)
Diese Geschichte ist schön und das ist auch viel Fantasie. Die Frau wollte immer das oder das haben aber auf einmal wollte sie ins Paradies gehen und dann war es wieder wie vorher. Eigentlich war sie schon im Paradies. (Jonathan)
Ich finde die hat sich zu viele Sachen gewünscht, dann war sie nie froh. Als erstes hat sie sich einen Bauernhof gewünscht, dann ein Schloss. Danach hat sie sich das Paradies gewünscht, das war ein bisschen zu viel. (Jérémie)
D'Fra war ongerecht an si hätt och selwer bei d'Frell kënne goen wann hire Wonsch sou grouss as a wichteg. Bestëmmt hätt d'Fra herno kee Wonsch méi gehat! (Chiara)
Die Geschichte ist schön, weil die Forelle alle ihre Wünsche erfüllt. Die Frau wollte immer etwas anderes und das war nicht gut, weil am Ende hatte sie wieder dasselbe wie vorher. (Tom)
Ech hun dës Geschicht gutt fonnt. Ech hun et net gutt fonnt dass d'Fra de Mann ëmmer ugestallt huet der Frell hir Wënsch ze soen. (Mandy)
Ich finde diese Geschichte nicht gut. Ich denke dass diese Frau alles will und nach zwei, drei Tagen es nicht mehr will. Ich finde die Abmachung von dem Mann ganz gut, denn ich hätte es auch so getan.
Ich finde gut dass die Forelle das alte Häuschen hingezaubert hat. Denn sonst könnte es noch Tage dauern, denn diese Frau wünscht sich alles.
Die Frau hat sich ja ein Paradies gewünscht und der Mann hat ja am Anfang gesagt er würde den Wunsch nicht der Forelle sagen, aber die Frau hat ihn ja gezwungen es zu tun. Wenn ich der Mann wäre hätte ich es nicht der Forelle gesagt. (Alice)
Es ist übertrieben und es ist ungerecht dass die Frau immer etwas anderes will. (Laura)
Ech mengen de Mann a séng Frau hätte missen zesummen entscheeden wat se sech wëlle wënschen. (Georges)

© Lorentzweiler Schulwebseite, last changed on 16-05-2007