|
|
|
Fair oder onfair?

| "D'Rosa an d'Maria liewen an engem frieme Land. Heiansdo schwätzen s'an der Schoul hir Mammesprooch. D'Joffer seet sie sollen domadder ophalen, an sie misste léieren esou ze schwätze wéi all déi aner. As dat fair?"
|
| Ech fannen dat e bësse fair, well z.B. wann si eppes soen iwwert déi aner, an déi aner kennen déi Sprooch net, da wëssen se och net wat se soen. Wann dat e béist Wuert as ... (da kënnen se sech net wieren). Mee doheem kënnen se jo hir Sprooch schwätzen. (Jonathan)
|
| Ech fannen et hallef an hallef. Si sollen déi Saache schwätzen dass een se och versteet, soss kënnen se nie matenee schwätzen, awer wann s'eppes net verstin zesummen oder mol aleng spillen oder sou, an heiansdo wëssen se [e Wuert] net an da soen s'et an der Mammesprooch dann as dat awer schon okay. Ech fanne wann se d'Sprooch gutt kënnen da sollen se se schwätzen, mee wann s'et eben net immens gutt kënnen kënnen se jo eigentlech och näischt dofir ... dann huet jo d'Léierin näischt ze meckeren. ... Si sollen d'Sprooch zwar léieren, awer wann se nach net laang an deem Land sin, dann ... . Dat geet net sou schnell; wann ech elo a China géif goen géif ech och net sou schnell chinesesch léieren, da géif ech och heiansdo an der Schoul lëtzebuergesch schwätzen. (Jil)
|
| Ech fannen et fair, well de C. bei eis an der Schoul an den T., déi schwätzen och franséisch, a wann de C. liest da kritt en d'Wierder net ausgeschwat, a wann en esou weider fiert da kann en herno net méi richteg däitsch schwätzen ... wann en dauernd franséisch schwätzt mam T. (Tom)
|
| Ech fannen dat net onfair, well si mussen eigentlech an der Schoul däitsch léieren, an doheem kënnen se jo hir Mammesprooch schwätzen. (Alice)
|
| Ech fannen déi jo an neen. Jo, 't as fair well si mussen och léieren aner Sproochen ze schwätzen, well soss schwätzen se déi ganzen Zäit hir Sprooch an da kënnen se keng Frëndin méi fannen; an neen as, well si kënnen net dofir, si kënnen nach net déi aner Sprooch, mee si mussen awer och dat léieren. (Laura)
|

|
"De Bopa huet dem Seleema e bësse Suë fir de Gebuertsdag geschenkt. Hatt géif sech domat gäre Séissegkeete kafen. D'Eltere soen neen, well dat net gutt fir d'Zänn as. As dat
fair?"
|
| Ech fannen et fair wat déi Elteren soen, well et kann och eppes anescht kafen domadder, mat deem Geld. Oder et kann et spueren fir wann et méi grouss as een Haus ze kafen oder sou eppes. (Laura)
|
| Ech fannen dat fair well Suen déi si jo net do fir sou Séissegkeeten ze kafen; domadder kann een och vill besser Saache kafe wéi sou Saachen déi net gesond sin. (Alice)
|
| Ech fannen dat fair, well 't as jo och net gutt fir d'Zänn. (Jonathan)
|
| Ech fannen et net gerecht, well et kann sech e bësse kafen, awer net zevill, soss huet et derno schwaarz Zänn, an da kann et keng Séissegkeete méi iessen. (Tom)
|
| Ech gin do net sou vill Recht, well ech fannen et hallef fair, also ech fannen net datt hatt soll elo ganz vill Séissegkeete kafen ... 't hänkt och dovunner of ob hatt sech vu séngem Geld bal nëmme Séissegkeete keeft oder ob et net oft Séissegkeete kritt, mee wann et net oft kritt fannen ech awer 't kann sech e bësse kafen. Awer e bësse Sue soll et och spueren. 'T däerf een einfach mat sénge Sue maache wat ee wëll, mee Séissegkeeten ... also 't as okay, awer net zevill. (Jil)
|
| Ech géng d'Sue spueren fir herno wann ee grouss as, an net e lauter Séissegkeeten iessen. (Mandy)
|
| Ech fannen et fair, well Kamelle sin net gutt fir d'Zänn, an dann herno ësst hatt zevill vläicht; an hatt kéint sech déi Sue spueren fir eppes méi Flottes ze kafen. (Jérémie)
|
|
|
| © Lorentzweiler Schulwebseite, last changed on 16-05-2007 |
|